Deviser

De Prozess vum Devising ass am Jacques Lecoq senger Schoul zu Paräis entstan. Ech hu mäin Ofschloss am Devising op der University of Kent at Canterbury gemaach an devising heescht fir mech Spill! Wien op d’Bühn geet,  muss spillen kënnen, Spiller spillen, mat Sätz a Wierder spillen, mam Kierper spillen, mam Räum spillen. Am spillen begéint e vill Gefiller an et léiert een sou mat hinnen ëmzegoen. An dest bräuch een op der Bühn! Een Theaterstéck duerch Devising erschaffen erméiglecht e spannende Prozess fir de Performer an de Schauspiller.

E festen Text léist oft manner Devising zou sou datt da méi Regie gemaach gëtt.

An der Läscht hunn ech folgendes op d’Bühn gesat:

Devising:

    • all Joer fir Mise en Scène asbl: Theater mat Kanner, Jonken an Erwuessenen
    • fir de Projet PASS: Projet d’Apprentissage sur Scène, Project vum Lycée des Arts et Métiers fir d’6e an d’5e Preparatoire-Klassen. Zu dësem Projet gehéiert een obligatoreschen Theateroptrëtt zum Schluss vun all Trimester
    • Ech ka reimen ouni ze keimen, Theaterperformance fir Kanner vun 3-6 Joer vum Martine Conzemius
    • Bäh Lakritz, Theaterperformance fir Kleng a Grouss vum Martine Conzemius
    • mat  der Theatertrupp Finestra Kollektiv: fassade@bréckelt.lu, Performance an enger Fassade, produzéiert vum Ettelbréck City Tourist Office

Régie:

  • De Wëllefchen an de Fiischen, produzéiert vu Mise en Scène asbl an Toile Si Re asbl
  • Maus Kätti, produzéiert vun Toile Si Re asbl an dem Kulturministär vu Lëtzebuerg
  • Sechs Personen suchen einen Autor, Die Schule der Diktatoren Adaptatiounen gespillt vum Theatergrupp aus dem Dikkricher Kolléisch

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *