Ech sinn d’Martine Betty Conzemius,*1973.
Theater ze maachen guf op emol ganz dringend a noutwenneg an zwar op 2e am Dikkrecher Kolléisch. Ech hunn e spannende Beräich fonnt! A wat ech méi Theater gemaach hunn, wat ech séier räusfonnt hunn, datt d’Mënsche mech inspiréiren an ech doduerch selwer kreativ am grousse Mooss ginn!
Mäi Wee am Theaterberäich ass deen iwwert Cours’en a Workshops huelen an der Expression Corporelle, dem Danz, der Pantomime, dem Poppentheater, der Bühnebeliichtung, der Mise-en-scène, dem Stroossentheater, dem Gesang an um Kontrabass léiren ze spillen. Theatercours’en halen, Jonk Leit iwwert den Theater begleeden, mat hinnen a Schoulen an no der Schoul Theaterstécker aschaffen, guf e logesche Wee no mengem Ofschloss vu mengem Studium ‘Bachelor of Arts in Drama and Theatre Studies’, deen ech am Devising gemaach hunn.
Mat weideren Ausbildungen am Masque Neutre an an der Commedia dell’Arte (Fabio Mangolini), am Theaterclown (Francis Albero, Marie-Claude Théodas, Valérie Armbruster), am Schauspill an an der däitscher Diktioun (Seja Katharina Rockel, Nora Koenig, Nickel Bösenberg), am Danz (Lucile Guin) an am Gesank (Annick Hermann) schléisst sech de Krees: ech verstinn mat mengem Kierper a mam Kapp wou alles hirkënnt. Di vill verschidden Quellen, déi sech iwwert d’Joren opgemaach hunn, lafen zu engem Ganzen zesummen! Deviser a Performer ass mäin Beruff, deen ech zënter Dezember 2017 als ganz fräischaffend ausüben.

