De Performer ass no beim Publikum. Ech sinn éischter e Personnage wéi datt ech eng fest Roll hunn, well d’Roll vum Performer ass net ganz festgeluecht. Wéi de Strossekënschtler wees ech wien ech sinn an ech reagéiren op de Passant, op d’Situatioun an duerfir ass quasi näischt festgeluecht. Während den Optrëtter mat der Band d’Gëlle Fraen spillen ech de Näischtnotz, d’Bom an nach läuter aner Personnagen. D’Musik aus den 20er an hir Geschichten sti fest, awer dertëschent geschitt ëmmer nees vill Neies.
Bei der Theatertrupp Finestra Kollektiv gi mir Performer nach e Schratt méi wäit. De Performer schwätzt, en huet och eppes ze soen, eng Kritik, e Kompliment, weist e Gefill…an d’Leit kréien eng Wourecht gespigelt.
Als Performer vun der Roll ‘Marcolfa’, dem Brighella seng giereg a rose Fra, aus der Commedia dell’Arte, wou deen Text mäin ass, daerf a soll op d’Reaktioun vum Publikum reagéiert ginn. Den Text ass fest an awer kann e verännert ginn, wann d’Situatioun et verlaangt. De Schluss vum Stéck muss ëmmer dee selwechte bleiwen. Mäi Marcolfa ass bis lo am Stéck ‘Fausses Confidences’ vun der franséischer Theatertrupp Théâtre à Dire, Thionville ze gesinn. Alles wat ech fir an iwwert de Beruf vum Performer geléiert hunn, fënnt sech a menger Clownerin dem [Pəʊ] rem! (www.clown.lu)
Foto vum Marguy Conzémius

